
© Patrick Greis
'Nur die Musik', 'Sommerregen', 'Bis ans Ende der Welt' oder 'Willkommen Goodbye'. De Joris ass e musikalesche Poet aus Däitschland mat enger onverwiesselbarer Stëmm. Am 'Café des artistes' am Gronn beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten schwätzt hien iwwer 'Sex & Drugs & Rock & Roll' an der Showbranche a firwat virun, a no engem Concert keen Alkohol bei him méi gedronk gëtt, mee Banannejus. Mir gi gewuer wéi waarm et am Kostüm vu 'Masked Singer' ass a firwat bei der Sendung 'Sing meinen Song' souvill Tréine fléissen. Hie gëtt zou op munchen Hit vu Kolleege jalous ze sinn a verréit, als Teenie onstierflech an d'Emma Watson verléift gewiescht ze sinn. Piano: Marc Schmidt
De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Magaly Teixeira huet net just d'Nues an d'Kultur gezappt. Film, Theater, Danz, Gesang, bal kee Beräich deen et ausgelooss huet. Am 'Café des artistes' geet et ëm Fluchangscht, penibel Momenter am Danzsport, gewoten Zeenen am Film, e Papp deen ëmmer kräischt, eng Grande-Duchesse déi zur Kinnigin gëtt, Kazefudder am Selbsttest an ongewéinlech Kichelcher zu Amsterdam.