Eng villsäiteg Kënschtlerin, e Museker deen zweegleiseg fiert an e Proff mat engem klengen Eck ewech, dat gouf et gëscht am LIVE! planet people. Den Dan Spogen hat d'Isabelle Costantini, de Bert Jung an de Marc Mallinger op Besuch.

RTL

D'Isabelle Costantini kennt een aus dem Reitsport, dem Film an dem Theater an si huet elo den éischten Roman geschriwwen. 'Le Sud n'aime pas les anges'.

LIVE - Isabelle Costantini
RTL
RTL

De Bert Jung well net just an engem musikaleschen Tirang landen an switcht tëscht Electro-Pop mat 'Alfalfa' an elo och Reggae mat 'Babanam'

LIVE - Bert Jung
RTL
RTL

De Marc Mallinger bleift senge Schüler a gudder Erënnerung well hien mathematesch Formelen als Ouerewuerm gesonge huet.

LIVE - Marc Mallinger
RTL