D'Magaly Teixeira huet d'Nues richteg an d'Kultur gezappt. Film, Theater, Danz, Gesang, bal kee Beräich deen et ausgelooss huet. Am 'Café des artistes' geet et beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten ëm Fluchangscht, penibel Momenter am Danzsport, gewoten Zeenen am Film, e Papp deen ëmmer kräischt, eng Grande-Duchesse déi zur Kinnigin gëtt, Kazefudder am Selbsttest a speziell Kichelcher zu Amsterdam. Piano: Marc Schmidt

05-05-2025 RTL-Afterwork: mam Magaly Teixeira (Méindeg)

Muer géint 17h15 zielt d'Magaly Teixeira, wat si bei den Danzsport bruecht huet. Mir gi gewuer wéi ustrengend Prouwen sinn, wann een Lëtzebuerger Champion gi wëll an héieren wéi e penibele Moment d'Magaly zesummen mam Danzpartner Claudio op der Danzpist erlieft huet.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen