Mat sengen 165cm stellt d'Magaly Teixeira der vill an de Schied. Ënnert dem Motto 'kleng awer oho' séngt an danzt et a suergt och am Film an op der Bün fir eng iwwerzeegend Präsenz, an déi brong Aen bestiechen de Public. Am 'Café des artistes' am Gronn huet d'Nowuesstalent vun 2023 an Nominéiert fir den Theaterpräis dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten bewisen wat alles an him stécht. Piano: Marc Schmidt

06-05-2025 RTL-Afterwork: mam Magaly Teixeira (Dënschdeg)

Muer géint 17h15 zielt d'Magaly Teixeira wéi opreegend et war fir um Luxfilmfest z'animéieren. Mir héieren dass dem Magaly säin Papp säin gréisste Fan ass a ginn gewuer, dass et eng Kéier aus der Grande-Duchesse eng Kinnigin gemaach huet an herno aus puerer Verleeënheet mat hir iwwer hire Rack geschwat huet.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen