
© Patrick Greis
Schonn de Numm 'Magaly Teixeira' kléngt wéi e Kënschtlernumm, a quasi all Formen vu Konscht wou een performen kann stiechen an dëser Fra. Schonn eleng beim danzen geet d'Palette vun Ballet iwwer Jazz, Salsa, Tango a Walz. 4 Joer séngt se Fado, ass bekannt aus dem 'Capitani 2' an anere Filmer an och op den Theateraffichen liest een reegelméisseg de Numm. Am 'Café des artistes' am Gronn beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten
Muer géint 17h15 erënnert d'Magaly Teixeira sech un hier éischt Auditioun zu Paräis um Conservatoire. Mir héieren, dass hier Stëmm och reegelméisseg a Publicitéiten ze héieren ass a ginn gewuer wou hier Virléift fir Kazekichelcher hierkënnt.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen