
© Patrick Greis
Wat zu Paräis de Montmartre, dat ass bei eis de Stadgronn. D'Landschaft an déi schéin Gebailechkeeten huelen engem bal den Otem, sou schéin ass et an dofir verwonnert et och net, dass et déi ideal Plaz ass fir e Vernissage ze maachen wou bekannten an onbekannte Kënschtler niefteneen hir Biller a Skulpturen weisen. D'Iddi ass net nei, well gëschter war den Optakt vun der 20ter Editioun vu 'Konscht am Gronn'.

Wat de 'Syndicat du Stadtgrund' virun 20 Joer an d'Liewen geruff huet, ass no 2 Joer vun de Kënschtler weidergefouert ginn. Vum Samschdeg gouf op de Sonndeg iwwergaange, an elo gi si sech bis an den Oktober Rendez-vous mat de Konschtfrënn, an zwar all éischten Sonndeg am Mount.



