
T'ass wéi wann Kanner spillen a rolzen an Dommheeten maachen. Och bei Déieren kann villes geschéien a sinn gären ausser Rand a Band. d'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet sech haut mat Mierschwéngercher, deenen et bal un d'Liewegt gaange war.
Op en Hoer hätt et fir déi jonk Meeschtesch vum Toffy a vum Caramel gelaut gehat an et wier fir si déi lescht Ouschteren gewiescht. Bis et dobaussen méi waarm gëtt, a sou laang et fir déi zwee Rex-Mierschwéngercher am Gaart ze frësch ass, hält si d´Déiercher am Haus a léisst se all Dag e bëssen duerch d´Stuff bëselen. Wéi se no en etlechen elektresche Kabelen och d´Leitung vum Akku vum Laptop fir d'éischt ugeknabbelt an dunn och nach carrement duerchgebass haten, hat d´Madamm es genuch: Alles gouf ënner Verbotz geluecht an d'Steckeren esou héich versat, dass d´Schwéngercher net méi dru koumen.
Firwat ginn d´Mierschwéngercher dann iwwerhaapt un d´Kabelen?
Mierschwéngercher -iwwregens och Kanéngercher -sinn geckeg mam Geroch a mam fir si séisse Goût vun elektreschen Isoléierungen. Natierlech och mat däer vun den Ouschter-Deko-Liichtercher, déi hier Cheffin komplett vergiess hat ze sécheren: déi waren am leschte Stecker, deen am ganzen Haus net eropgeluecht gi war. Déi zwee Knabblerten hu sech regaléiert an d´Isoléiermaterial vum Kabel an der Géigend vum Buedem ganz ofgeknat. Wéi d´Madame de Weede-Miissercherbeemchen, dee mat Wuerzel an engem Dëppen stoung, genat huet, ass e bësse Waasser op d´plakegt Metall vun der Leitung gefall. Wéi si du grad do ugepaakt huet, fir d´Liichtercher unzemaachen, huet et gepätscht. De Schlag, dee si erwëscht hat war awer esou liicht, dass si eenzock an der éischter Roserei dunn awer emol Ledkäerzen ouni Kabel konnt akafe goen.