
© Patrick Greis
E bësschen wéi beim passive fëmmen, gëtt et och passive Sport. Den Dr Marc Keipes aus dem GesondheetsZenter op der Gare erkläert wat dat ass, a wat een dogéint maache kann a soll.
Mir haten hei schonn gezielt, wéi wärend dem däitsche Summermärchen 2006 op der Fussballweltmeeschterschaft wärend de Matcher mat Däitschland d'Zuel vun Häerzattacken pro Dag tëscht 4 bis 8fach méich héich waren wéi soss am Juni/Juli an deenen anere Joren virdrun oder an Deeg ouni Matcher. Sech also net nëmmen net beweegen virun der Telé mee och nach opreegen kann bei kranken Oderen genuch Ausléiser sinn fir se schlussendlech komplett zouzemaachen. An dëser zweeter Studie goung et ëm d'Publicitéiten déi an deene ville Pausen vum American Football gewisen goufen.
D'Zuelen schwätzen och hei eng kloer Sprooch.
Wärend 10 Spiller sinn 102 Spotten vun 18 Marken déi mat Iessen oder Snacken ze dinn haten, gewise ginn. Net nëmmen, dass an all eenzelen Produit deen do presentéiert ginn ass bal 1g Salz war, och gesiedegt Fettsaieren, Gesamtkalorienzuelen waren weit iwwer deem wat gesond Iessen soll enthalen. Fir Leit ouni Virerkrankung waren se schlecht, mee fir Leit mat Häerzkreeslaferkrankungen nach vill méi. Also net nëmmen, dass d'Zuschauer an der Saison bis zu 3x 4 Stonnen d'Woch net vun der Fotell bougéieren, se ginn och nach zu gëftege Snacks verfouert. Macht roueg Sport wärend dem Sport kucken, da bleift dir gesond.