D'Steiererklärung muss een zwar net méi, wéi fréier bis den 31te Mäerz eraginn. Dofir huet ee lo bis Enn des Joers Zäit. Vill sinn awer motivéiert, hir Declaratioun fréi eranzeginn, well se eventuell e puer Su zréck kréien. Wourop oppassen, a virop wou kann een nach e bësse méi zréckkréien: Fir all dës Froen ass haut den RTL Steierdag an der Belle-Etoile beim Ernster um 1te Stack fir Iech am Asaz. An do schalte mer elo bei d'Raphaëlle Dickes.  

08/05/2025 Steierdag 8.40