
© pixabay.com
Esou eng All inclusive Rees ka jo schonn interessant sinn, virun allem wann ee mat Kanner ënnerwee ass. De Budget steet well am Viraus fest an et brauch ee sech deemno keng Suergen ëm weider Käschten op der Plaz selwer ze maachen. Normalerweis...Wieren do net dacks nach verstoppte Fraisen. Ugefaange mam Fliger, Nicky Soisson.
Ugefaange mam Fliger. Mir si bei eiser nationaler Airline nach verwinnt, well do ass d'Iessen a Gedrénks nach am Präis vum Ticket mat dran. Ma bei villen Airlinnen ass dat haut net méi de Fall an dat ass e grousse Käschtefacteur, besonnesch fir Famille mat Kanner. Dat well d'Präisser u Bord immens héich sinn. Eng gutt Alternative kann et sinn, sech virdrun am Duty free Shop mat Proviant anzedecke well deen dierf jo mat u Bord.
Ass een da bis op der Vakanzendestinatioun ukomm, heescht et fir deen een oder aneren, deen dat a sengem All inclusive Package mat dran huet, Richtung Schalter fir de Locatiounsauto. . An do staunt een heiansdo net schlecht wann op eemol riets geet vun Zousazkäschte wéi Assurancen oder extra Bezuele fir den 2. Fuerer, fir nëmmen déi als Beispill ze huelen.
Am beschten kuckt ee scho bei der Reservatioun all déi Extraen dobäi ze huelen. Dat schount Nerven an iwwel Iwwerraschungen um Fluchhafen.
Da sollt een awer och wëssen, dass net bei all All-inclusive-Rees automatesch alles "inclusive" ass. Och wann ee menge kéint dat misst esou sinn. Heiansdo, an dat huet bestëmmt schonn deen een oder anere vun iech selwer gesinn, sinn nëmmen "alkoholesch an net alkoholesch nationaalt Gedrénks" am Präis mat dran. Dat heescht an anere Wieder, dass international Gedrénksmarken aus dem Ausland extra kaschten. Et ginn ënner Ëmstänn dann och zäitlech Begrenzunge wéi "All-inclusive" nëmme bis 23 Auer. Dat ka bei engem flotten, sëffegen Owend bis an d'Moiesstonnen deier ginn.
Käschtefale kënnen et awer och bei der Schwämm oder op der Plage ginn. Sou kann et engem zum Beispill mol bléien, dass ee fir Ligen, Bueddicher oder Sonneprabbelie bezuele muss. Genee sou wéi fir d'Benotze vum Wellness-, Fitness- oder Spa Beräich déi eventuell net am All inclusive sinn. Vill Hoteller wëllen effektiv, dass hier Gäscht d'Suen am Hotel ausginn. Et gëllt deemno onbedéngt de Kontrakt am Virfeld genee duerchzeliesen a virdrun ofzekläre wat alles am Präis mat dran ass a fir wéi eng Leeschtungen ee muss extra bezuelen.
An dann ass do nach déi Saach mat den Ausflich. Vill Ausflich kënnen och op eege Fauscht gebucht ginn. Et muss ee sech just Zäit huele fir selwer e bëssi ze sichen an och d'Bewäertungen ze liese fir net iwwert d'Ouer gehaen ze ginn. Dat kann ënner Ëmstänn vill méi bëlleg si well grad als Famill kënne sou Saachen dacks richteg an de Portmonni goen. Deemno wéi kann ee selwer mat ëffentlechen Transportmëttel oder mam Taxi op d'Plaz fueren an do seng Entrée selwer kafe respektiv am Viraus online. Dat ass dacks méi gënschteg wéi wann een e ganzen Ausfluch keeft. Donieft léiert een och Land a Leit aus enger ganz anerer Perspektive kennen.