
© pixabay.com
Daagsiwwer relax op der Plage leien an Owes an engem gudde Restaurant eppes iessen: fir vill Leit e perfekten Dag an der Vakanz. Ma d'Sich no engem gudde Lokal ka sech dacks als schwiereg erweisen. Vill Restauranten zielen op Touristen of, bidden awer dacks iwwerdeiert Iesse mat schlechter Qualitéit un. Ma wéi erkennt een esou Touristefalen?
An do heescht et scho mol oppasse wann d'Personal ee well probéiert an der Strooss opzefänken an op d'Terrass ze lackelen. Well wann een ze vill opdrénglech ass, dann huet een et wuel néideg. Sou Restaurante hunn dacks keng gutt Kichen oder awer kee gudde Service. Well authentesch, qualitativ héichwäerteg Lokaler mussen an der Reegel net aggressiv fir Clienten kämpfen.
Och d'Menüskaart am Restaurant ka verroden ob et sech ëm eng Touristefal handelt. Virsiichteg sollt ee si wann d'Platen op ville verschiddene Sprooche proposéiert ginn, bei laminéierte Kaarten oder Kaarte mat Spiralen a ville Fotoen, oder enger immens grousser Auswiel u Platen aus der ganzer Welt. Sou Eegenaarten deiten dacks op Restauranten hin déi sech méi op Quantitéit wéi op Qualitéit konzentréieren.
Wien e gudde Restaurant fanne wëllt, sollt sech idealerweis bei deene Leit informéieren déi do wunnen. Dat selwecht gëllt wat d'Clientèle vum Lokal ugeet. Wann een haaptsächlech Touriste gesäit a keng heemesch Leit da kéint dat en Hiweis op eng Touristefal sinn. Och déi geografesch Lag vum Restaurant kann Opschloss ginn: Ass en direkt nieft Touristenattraktiounen, ass en dacks iwwerdeiert. Och eng Rei u Restauranten déi an enger Strooss sinn an änlech ausgesinn, kënnen e Warnsignal sinn. An a südeuropäesche Länner heescht et op Restauranten oppassen déi wärend der Siesta op sinn.
Donieft kënnen awer och online Bewäertungen zum Beispill op TripAdvisor oder Google Maps ganz hëllefräich sinn. Hei sollt ee virun allem op d'Bewäertunge vun heemesche Leit oppasse well déi wësse meeschtens wou et gutt respektiv net gutt ass.
An zum Ofschloss gëllt dann och nach dësen allgemengen Tipp: Wa méiglech sollt een, sou wäit dat ebe méiglech ass, evitéieren an der Haaptsaison ze reese well da sinn d'Restauranten meeschtens iwwerfëllt an da muss et séier goen, wat sech dann och op d'Qualitéit vum Iessen auswierke kann.