Den 21. Mäerz 2017 gouf d'Claudia Monti mat 35 vu 54 Stëmmen bei 5 Kandidaten, als neien Ombudsman gewielt. Well sou e Mandat awer op 8 Joer begrenzt war, ass et elo Zäit fir Neits. Am 'Café des artistes' am Gronn huet déi geléiert Juristin dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten kloer gemaach, dass si awer nach vill méi Säiten an aner Talenter drop huet wéi just déi vum Mediateur. Zum Beispill interesséiert si sech fir Fantasyromaner a Geschichten mat vill Blutt. Piano: Marc Schmidt

17-06-2025 RTL-Afterwork: mam Claudia Monti (Dënschdeg)

Muer géint 17h15 zielt d'Claudia Monti d'Geschicht vum 'Ritter ouni Kapp', déi hier bis haut nogeet. Déi fréier Ombudsmann bewonnert de Napoleon a verréit firwat an erënnert sech un hiren éischten Mäerder deen se viru Geriicht ze vertrieden hat, a vun deem se enttäuscht war well e mol keen Tattoo hat.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen