
© Patrick Greis
Fir d'Claudia Monti gouf et och e Liewen virum Ombudsman, mee deen Titel huet si definitiv bekannt gemaach. No der Première am Stater Kolléisch an engem Droitsstudium zu Stroosbuerg war si 2000 fäerdeg als Affekotin, an den Eescht vum Beruffsliewen huet ugefaange. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten an engem ofwiesslungsräichen Liewen gewullt wou och Laachen an Tréinen eng Roll gespillt hunn. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt d'Claudia Monti dass hier e Stalker, d'Liewen, eng Zäit zur Hell gemaach huet. Mir ginn iwwer eng Visitt um Haff gewuer, wou si sech liicht blaméiert huet, an héieren wéi si sech bei engem Prozess sou echaufféiert huet, dass si sech e Fanger gebrach huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen