D'Claudia Monti war bis virun e puer Méint Ombudsmann zu Lëtzebuerg, nodeems no 8 Joer hiert Mandat ofgelaf war. Déi geléiert Affekotin huet zanter 2000 an e puer Affekote-Cabinete geschafft ier si 2006 hir eegen Etude opgemaach huet mat Spezialisatioun op Familljen- a Kannerrecht. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten iwwer hier deels net ongeféierlech Aarbecht geschwat. Piano: Marc Schmidt

19-06-2025 RTL-Afterwork: mam Claudia Monti (Donneschdeg)

Muer géint 17h15 zielt déi fréier Ombudsmann, firwat d'Grande-Duchesse, dem Claudia, hire Stull iwwerlooss huet. Mir ginn gewuer, dass bei hier näischt ouni Navi funktionéiert an héieren, dass een als Ombudsmann nëmme mat Leit ze dinn huet déi iwwer Allméigleches meckeren.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen