
© Patrick Greis
Als Ombudsman huet d'Claudia Monti deenen gehollef, déi gemengt hunn se kriten den Aarm vu Verwaltungen an Ministèren gebéit. No 8 Joer war Schluss an d'Plaz geet un en aneren, a sou muss déi geléiert Juristin sech nees nei erfannen a kucken wou se bleift a wat se mécht. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten op hier Aarbecht awer och hiert Privatliewen zréckgekuckt an sinn op e puer interessant Geschichten gestouss. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt d'Claudia Monti wat hier am meeschten leed gedinn huet wéi si no 8 Joer als Ombudsman huet missten ophalen. Et geet ëm dee kierzte Prozess an deem Job an ëm Fastfood awer ouni Zalot.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen