
© Patrick Greis
Als Ombudsman huet d'Claudia Monti déi lescht 8 Joer hier Spueren hannerlooss. Si ass keng gutt Schmuewel an deet sech schwéier de kierzten Wee ze fannen, Beim Wuert 'Kaffi' am Cabinet d'Instruction wousst si dass et hefteg gëtt, hiren éischte Mäerder dee se viru Geriicht vertratt huet war eng Enttäuschung a si ass definitiv kee Moiesmënsch. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten versicht nach e puer kleng Geheimnisser aus der Affekotin erauszelackelen. Piano: Marc Schmidt
Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um fréieren Inneminister an aktuelle Péitenger Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf. De geléierten Apdikter weess wéi ee Crèmen fir d'Clienten preparéiert an ass domadder och de gebueren Kach dee keng Zooss ratéiert. Hien zielt iwwer seng Zäit an der Bullett a firwat se hien 'klenge Potto' an 'Hoover' genannt hunn. Mir ginn gewuer wéi hien an d'Politik gerëtscht ass, wéi en als Minister d'Eislék entdeckt huet. Hien schwätzt iwwer säin schwéieren Skiaccident a firwat hien am Fussball gläichzäiteg d'Daumen fir Gladbach a Bayern hält.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen