
© pixabay.com
Et gi Saachen déi een net mat Sue kafe kann, fir alles anescht gëtt et...Dir wësst schonn! Sou op mannst mol de Sproch an der Reklamm deemools. Ma effektiv kann een am Liewen net alles kafen. An awer ass et op alle Fall derwäert dran ze investéieren. Well wann ee se net huet, kann ee se net kréien, och wann een dofir Milliounen ausgëtt. Wat dat ass, huet d'Nicky Soisson fir eis zesummegesicht.
An do ass et virop eppes immens Wäertvolles wat awer leider dacks vergiess gëtt. Riets geet vun der Zäit! All Minutt déi vergeet, ass Zäit déi een ni méi zréckkritt. Krass gesot, ass ee mat all weiderer Minutt dem Dout méi no. Dat ass, och wann et net sou flott kléngt, leider eng Tatsaach a vill Leit tendéieren dozou, dee Sujet net erwänen well et hinnen Angscht mécht. An dobäi sollt een dat awer fir dass et engem méi bewosst gëtt, dass eis Auer tickt. An déi Zäit kann ee sech net kafen. Op mannst bis elo mol net.
Da sinn dann och nach ëmmer Leit déi menge si kéinte sech d'Léift kafen. Mat Sue kann ee Loscht, Unzéiungskraaft, Sex a Muecht kafen, awer mat Sécherheet keng Léift. Dat bedeit zwar net, dass Bezéiungen net op Suen opgebaut si mee dat huet net vill bis guer näischt mat richteger Léift ze dinn.
Genee sou verhält et sech mat gudde Frëndschaften. Richteg Frënn fënnt een andeem een Zäit mat Leit verbréngt déi di selwecht Interessen hunn, sech um Lafenden hält a sech och a schwéieren Zäiten ënnerstëtzt. Eng echt Frëndschaft baséiert och op Vertrauen an alles dat léist sech net mat Geld kafen, och wann et nach ëmmer Leit ginn déi mengen dat kéint klappen.
A wat verbënnt ee mat gudde Frënn? Schéin Erënnerungen. Dës sinn am Häerz an am Kapp an déi ka keen eis ewech huelen. Déi Momenter huet ee mat engem léiwe Mënsch verbruecht an huet se genoss. An déi Gefiller an Erënnerunge kann een net kafen. Et kann ee se just erliewen. An dat flott drun ass, dass ee se no Loscht a Laun nees opruffe kann.
Egal, wéi räich een ass, Talent kann ee sech iwwregens och net kafen. Entweder et huet een es oder eben net. Et kann een et zwar fërderen andeems ee Course matmécht a seng Fäegkeete verbessert mee entwéckele kann een et just andeems ee Méi an Zäit investéiert an net mat Suen.
Nieft dem Talent ass et awer och d'Wësse wat onbezuelbar ass. Alles wat ee sou am Liewe léiert, ass Deel vum Intellekt an d'Aart a Weis wéi een d'Wäisheet un den Dag leet, kann een net kafen. Dir denkt elo vläicht drun, dass ee beispillsweis en Diplom hautzedaags kafe kann an dat ass och richteg. Mee kritt een domadder och dat néidegt Wëssen? Kaum! Well weder dat nach den Intellekt kann ee mat Sue kafen.