8 Joer war d'Claudia Monti Ombudsman, e Mandat dat Enn Abrëll ausgelaf ass. Am 'Café des artistes' am Gronn ginn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten gewuer, dass si e Megafan vun Fantasyromaner ass. Si mécht keen Heel draus eng Nuetseil ze sinn a gären ze feieren an huet och näischt géint e gudde Burger, awer ouni Zalot. Als Beruffswonsch goung et vun 'Operesängerin' iwwer 'Indiana Jones' bis 'Mieresbiologin' ier et um Enn d'Robe vum Affekot gouf, a wou se sech bis haut un hiren éischten Mäerder erënnert, deen si awer enttäuscht huet. Et geet awer och ëm e Stalker, schwiereg Dossiere mat Tréinen als Ombudsman an déi léif Kippercher. Piano: Marc Schmidt

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen

RTL

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um fréieren Inneminister an aktuelle Péitenger Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf. De geléierten Apdikter weess wéi ee Crèmen fir d'Clienten preparéiert an ass domadder och de gebueren Kach dee keng Zooss ratéiert. Hien zielt iwwer seng Zäit an der Bullett a firwat se hien 'klenge Potto' an 'Hoover' genannt hunn. Mir ginn gewuer wéi hien an d'Politik gerëtscht ass, wéi en als Minister d'Eislék entdeckt huet. Hien schwätzt iwwer säin schwéieren Skiaccident a firwat hien am Fussball gläichzäiteg d'Daumen fir Gladbach a Bayern hält.