Et gëtt definitiv méi onoriginell Plazen fir seng Dramfra ze fannen wéi dat en public op der Televisioun, virun den Aen vu jidderengem ze maachen. De 'Bachelor' um däitschen RTL ass e Format dat sech am Laf vun de Joren als 'Datingbank' etabléiert huet, just dass d'Produzenten dëst Joer nach eng Grimmel méi wäit ginn an zwee Männer an d'Arena bei d'Fraen loossen, a pikant ass, dass se Allenzwee och nach Papp sinn. Un hinnen zwee ass et elo, jiddereen fir sech, d'Dramfra ze fannen. E groussen Challenge.

Die Bachelors - Challenge

Déi zwee mat der Rous am Grapp sinn de Fotograf Felix Stein an de Versécherungsfachmann Martin Braun.
Fir d'éischt léisst de Martin sech op geheimnisvoll 'Blind Dates' an a léiert 15 Single-Fraen kennen, wärend e Grupp vu Fraen zu Kapstadt un bei engem Fotoshooting matmécht ouni hire Bachelor kennegeléiert ze hunn. Awer wéi soll déi nei Häerzdamm iwwerhaapt ausgesinn, wat muss se matbréngen?

Die Bachelors - Dramfra

Et gëtt drop an derwidder geflirt an et ginn schéin Aen gemaach. Mee wéi steet et dann iwwerhaapt bei deen zwee Hären mat Jalousie?

Die Bachelors - Jalousie