
Wann et ëm Déiere geet, verbënnt ee Gréiwemaacher am Fong mam Päiperleksgaart, ma zanter Kuerzem dominéieren zwou "Giraffen" d'Gespréich an der Muselmetropole. Esou nennen déi Maacher Leit ironesch déi zwee giel Kranen, déi um neie Quai am Ausgank vun der Uertschaft a Richtung Meechtem stinn. Vun hei aus wäerten an Zukunft d'Police an de CGDIS mat hire Booter an den Asaz fueren. Et ass ee Projet, iwwert dee laang geschwat gouf. An deementspriechend ass d'Freed bei de Polizisten an de Secouristen elo grouss, Marc Hoscheid.
Wat deen neie Quai ugeet, sou ass dee 74 Meter laang. Nieft de Krane kënnen d'Booter och iwwert eng Ramp an d'Waasser gelooss ginn. D'Aarbechten hu gutt annerhalleft Joer gedauert an de Käschtepunkt vum Projet läit bei 3,5 Milliounen Euro.