
© Patrick Greis
Als fréieren Inneminister an aktuelle Buergermeeschter vu Péiteng kennt de Jean-Marie Halsdorf déi lokal a national Politik. De geléierten Apdikter weess wéi ee Crèmen fir d'Clienten preparéiert an ass domadder och de gebueren Kach dee keng Zooss ratéiert. Am 'Café des artistes' zielt hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten iwwer seng Zäit an der Bullett a firwat se hien 'klenge Potto' an 'Hoover' genannt hunn. Mir ginn gewuer wéi hien an d'Politik gerëtscht ass, wéi en als Minister d'Eislék entdeckt huet. Hien schwätzt iwwer säin schwéieren Skiaccident a firwat hien am Fussball gläichzäiteg d'Daumen fir Gladbach a Bayern hält. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Jean-Marie Halsdorf iwwer seng Studentenzäit zu Stroossbuerg, déi hien net mësse wëll. Hien verréit wéi hien duerch seng Fra déi vun der Musel ass, en anert Liewen kennegeléiert huet, a mir héieren firwat hien all Kläranlagen aus dem Norden kennt.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen