
© Patrick Greis
Zanter 1987 ass de Jean-Marie Halsdorf senger Partei trei. 1987 koum hien eng éischte Kéier zu Péiteng an de Gemengerot, 1994 ass en fir d'CSV an d'Chamber komm. No de Gemengewalen 1999 ass hien Buergermeeschter ginn an no de Landeswalen vun 2004 ass hien Inneminister genannt ginn an der éischter Regierung Juncker-Asselborn. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten versicht de Mënsch hannert der Funktioun ze dekryptéieren, deen fir Apdikter geléiert huet. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 verréit de Jean-Marie Halsdorf, dass seng Hochzäit mat engem Miseler Meedchen bal an d'Waasser gefall war, well de Kach am leschte Moment ofgesprongen ass. Hien zielt wéi hien zu Arel eng Kéier nuets keen Bensin méi hat a bei friem Leit schelle gaangen ass, a mir ginn gewuer firwat se hien an der Bullett zu Iechternach de 'klenge Potto' genannt hunn.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen