1987 huet de Jean-Marie Halsdorf fir d'éischt e Fouss an d'Politik gesat. Member vum Gemengerot, Deputéierten, Député-Maire, Minister, duerno zréck an d'Chamber an elo nees Péitenger Buergermeeschter. Dat si graff seng politesch Etappen. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten sech awer net just fir säi politesche Wee interesséiert als Papp vun 3 Kanner. Piano: Marc Schmidt

25-06-2025 RTL-Afterwork: mam Jean-Marie Halsdorf (Mëttwoch)

Muer géint 17h15 zielt de Jean-Marie Halsdorf wéi hien zur Duebelbelaaschtung Deputéierten a Papp vun enger Gemeng steet. Mir héiere wéi hie matkritt huet, dass hie virgesinn war Minister ze ginn a firwat hien do net Neen soe konnt, an och bei wiem de Choix vum Ministère läit, gëtt en Thema.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen