Dausenden wäerten den Owend an d'Stad kommen fir sech d'Feierlechkeeten um Virowend vun Nationalfeierdag net entgoen ze loossen. D'Atmosphäre ass op deem Dag ëmmer eng ganz speziell, an d'Stad gëtt bal ze kleng. De Mëtteg lafen d'Preparativen, et gëtt opgeriicht fir dass den Owend alles prett ass fir déi gréissten Party am Joer. De Patrick Greis ass fir eis an der Stad a kuckt hannert d'Kulissen vun deem grousse Fest.