De Fakelzuch ass eppes wéi d'Häerzstéck vun de Feierlechkeeten um Virowend vun Nationalfeierdag an der Stad. Eng 2.500 Fakelen wäerten sech vun 21h30 un a Beweegung setzen a gedroen gi se vun aktive Memberen aus Veräiner aus der Stad. Fort geet et op der Theaterplaz duerch d'Côte d'Eich, de Gruef bis op de Knuedler bei d'Märei.

22/06/2025 Virowend vun Nationalfeierdag: Preparativen vum Fakelzuch