1 Stonn laang konnt dir dem Alain Atten nees e Lach an de Bauch froen. Bei 'Wuert fir Wuert' huet hien Wieder déi eis Nolauschterer him zougehäit hunn analyséiert. Wou kommen zB 'Granzert', 'Rollefax', 'Mëtsch', 'Tutsch' oder 'Kanelli' hier a wat bedeiten déi Wieder. Eise Sproochmates ass kengem eng schëlleg bliwwen.

23-06-2025 Wuert fir Wuert mam Alain Atten