
© afp
D’Sabrina Carpenter, déi ugangs vum Joer hiren éischte Grammy fir de Summer Hit "Espresso" gewonnen huet, kënnegt fir den 29. August en néien Album un. Elo huet si de Cover vum Album mam Numm "Man’s Best Friend" verëffentlech, an dee suergt nawell fir vill Diskussiounen.
Op der Social Media Plattform Instagram huet d’Sabrina Carpenter de Cover gepost. Dorobber gesäit een déi 26 Joer jonk Sängerin, wéi Si an engem schwaarze Mini-Rack um Buedem virun engem Mann knéit dee Si un den Hoer zitt. Eng zweet Foto weist en Halsband vun engem Hond mat de Wierder: "Man’s Best Friend".
D’Meenunge kéinten net méi staark ausernee goen. Vill Fans sinn enttäuscht vun der Sängerin. Si schreiwen ënnert dem Post datt d’Sabrina Carpenter eng Virbild Fonctioun huet, a grad vill jonk Meedercher zu hirer Fanbase gehéieren. Vill Fraen, dorënner och Affer vun haislecher Gewalt, soen datt si sech duerch dës Foto immens onwuel a getriggert fillen.
Aner Fans sinn der Meenung datt d’Sabrina Carpenter schonn ëmmer ironesch war, a mat hire Lidder probéiert Stereotyppen ze briechen. Si wier ebe grad e Virbild fir Fraen, well si hier Sexualitéit selbstbestëmmt auslieft.
Déi éischt Single vum néien Album, "Manchild", huet d’Sabrina Carpenter de 5. Juni verëffentlecht. Och hei waren d’Reaktioune gemëscht. Ob den Album elo fraefeindlech, männerfeindlech, oder einfach der Sängerin hiren ironeschen Humor erëmspigelt, doriwwer kann ee streiden. Eent ass awer sécher: Mat hirem Post huet d’Sabrina Carpenter fir vill Opmierksamkeet gesuergt.