Elo ass de Summer endlech do, an dat ass och déi Zäit an där sech weist, dass d'Viraarbecht am Gaart oder a sengem eegene klenge Park, aus de leschte Wochen a Méint, sech rentéiert huet. Elo gëtt et Planzen déi wuessen vum selwen an et kann ee sech just un hinnen erfreeën, de Jeannot Lacour weess awer och wou een nach eppes maache muss, an dat ass beim Wues, fir dass dee schéin gréng bleift.

Och am Summer muss sech ëm de Wues bekëmmert ginn. Dat alleréischt ass Waasser, well mir elo eng dréchen Period haten. T'huet sech awer nach ëmmer gutt gehalen, et huet een nach net missten netzen. T'ass heiansdo eng kleng Schauer erofkomm oder eng länger Reeperiod vun 2-3 Deeg. Dat geet dann duer fir de Wues gréng an um Liewen ze halen. Mee, dacks gëtt vergiess, well am Fréijoer düngen ech de Wues, virum Wanter muss ech en och nach eng Kéier düngen. Mee och am Summer muss gedüngt ginn, mat engem Laangzäitdünger, e Wuesdünger, ganz wichteg.

Grénge Jeannot - Wues - behandelen

Wat sinn dann dem Laangzäitwuesdünger seng Vir- an Nodeeler, fir dass en eng Wierkung wéi en Turbo huet?

E Laangzäitwuesdünger deen hält nëmmen 30 Deeg un. Wann ech dann am Fréijoer gedüngt hunn muss ech nach emol am Summer. Am beschten düngen wann ech weess elo reent et gläich. Wann ech selwer wëll netzen duerno, geet dat natierlech och, fir dass en och ëmmer gréng bleift. Wann extrem laang dréchen Perioden kommen, géif ech emol net direkt düngen, well ouni Waasser déngt den Dünger och net vill.

Grénge Jeannot - Wues - Dünger