
Wann een seng Déieren ëmmer genee am A behält an all opfälleg Verännerung direkt feststellt hëlleft dat fir eng méiglech Krankheet séier nees an de Grëff ze kréien. Mee d'RTL Déierendoktesch Romi Roth weess och, dass déi éischt Pist net ëmmer déi richteg ass.
De Merlin, ee kapitalen kuelschwaarzen Maine Coon-Kueder war vill krank. Hien huet bal nëmme nach geschlof. Iwwert dem Friessen ass en heiansdo wéi vum Relles gebass an d´Héiluucht gesprongen a fortgelaf. Well de frëndleche Ris scho ganz rabbeleg gi war an op eemol och esou komesch gegierkst huet, hu seng Leit hien emol an d´Praxis bruecht. Wéi mir hien aus dem Transportkuerf geholl hunn, war ee faule Gallem ronderëm seng Schnëss an och e bësse bluddege Spaut, deen aus der oppener Mailchen eraushoung.
E puer schlecht Zänn? Dat ass jo heiansdo bei Kaze ganz schlëmm a gëtt meeschtens vill ze spéit gesinn
Wéi mir hien mat enger Decken wéi eng Mumie ëmwéckelt haten, konnte mir hien an d´Schnëss kucken. An du war kloer, wou den Hues am Peffer louch: am Merlin sengem Mond war alles feierrout geschwollen an entzünt. A ganz hannen an der Strass hat hien eppes, wat wéi bluddege Choufleur ausgesinn huet a laanscht dat hien net méi schlécke konnt. De Merlin hat den 'Eosinophilen Granulom Komplex', EGK, oder och 'Kaze-Stomatitis-Komplex', bei deem den Immunsystem sech op eemol géint den eegene Kierper dréint an deen ugräift aplaz en ze verdeedegen. Net liicht ze behandelen, heiansdo carrement therapieresistent bis och de leschten Zant gezunn ass.
De Merlin, bei deem d´Krankheet séier fort war mee dunn erëm koum, muss elo reegelméisseg mat engem Medikament behandelt ginn, dat säin Immunsystem berouegt.