
© Redford im Jahr 2013 © AFP/Archiv/Valery HACHE
De leschte Mount hat hien nach seng 89 Joer gefeiert an haut koum déi traureg Nouvelle, datt hien am Schlof gestuerwen ass. Ee vun de gréisste Staren an der Filmgeschicht huet eis haut fir ëmmer verlooss, den amerikaneschen Acteur Robert Redford.
Zanter de spéiden 1960er Joren huet de Redford zu de bekanntsten US-Schauspiller gezielt. Zu senge ganz grouss Filmer ziele ''Butch Cassidy and the Sundance Kid'' nieft Paul Newman, ''All the President’s Men'' nieft Dustin Hoffman, ''Out of Africa'' un der Säit vum Meryl Streep an och ''Spy Games'' mam Brad Pitt, mat deem hien dacks zesumme geschafft huet.
Hie selwer war och als Regisseur aktiv a gouf fir de Film ''Ordinary People'' mam Oscar ausgezeechent. Iwwerhaapt hat hie sech ganz dem Univers vum Film verschriwwen. Als ee vun den Grënner vum Sundance Institute, enger Organisatioun, déi onofhängeg Filmer an Theaterstécker ënnerstëtzt an als Initiateur vum Sundance Film Festival am US-Bundestaat Utah, konnt de Redford Filmregisseure wéi dem Quentin Tarantino, de Coen-Brothers oder dem Jim Jarmusch den Duerchbroch erméiglechen.
Och wa probéiert gouf de Robert Redford an den Tirang vum Film-Beau a Sunnyboy ze stiechen, de Redford hat vill méi ze bidde wéi just en attraktiivt Ausgesinn. Esou huet hie sech vun der Hollywood-Schickeria ewech gehalen an hat sech voll a ganz fir den Ëmweltschutz staark gemaach.
2 mol war de Redford bestuet, fir d'lescht mat der Däitscher Molerin Sibylle Szaggars an hien hannerléisst 2 Duechteren. Säi Fils Scott hat hien 1959 duerch de Kandsdoud verluer a säi Fils James ass viru 5 Joer u Kriibs gestuerwen.