
D'Yona huet 20 Joer an ass eng Newcommer-Singersongwriterin aus Lëtzebuerg.
D'lescht Joer huet 2 Lidder erausbruecht, do virdrun seng éischt EP an de 15.05.2026 ass dem Yona säi ganz neit Lidd "Frozen" erauskomm. Et geet ëm Léit déi ee mol richteg gutt kannt huet, déi fir ee selwer awer ëmmer méi zu frieme Persoune ginn.

Musek vu Berlin ass et och ginn, d'Berliner Indie-Rock/ Post-Punk Band Matching Drapes war zougeschalt.
Den 23. Abrëll si puer nei Lidder erauskomm a fir d'Band gëllen se als nei Etapp.

Dem Adriano Selva seng nei Single "Ton nom est devenu une arme" ass elo dobaussen, dernieft gouf et och nei Musek vum Krick an Nikki Ninja.

Hei fannt dir d'Playlëscht mat all de Lidder aus der Sendung: