Am TaktNei Musek vum Irem, Rapson an The Disliked

Loïc Juchem
An der Radio-Emissioun "Am Takt" präsentéiert d'Irem eis dat neit Lidd vum Tim Baldus an him, mir léieren de Rapper Rapson kennen an no 24 Joer sinn The Disliked nach ëmmer aktiv a bréngen elo eng nei EP eraus.
© RTL Grafik

Nodeems d'Irem nach am Januar op der Bün vum Luxembourg Song Contest stoung, kënnt elo schonn erëm nei Musek vun der Kënschtlerin.

© Tim Baldus x Irem

An de leschte Wochen a Méint gouf vill geschafft a vill Lidder sinn och nach prett fir a nächster Zäit released ze ginn. Scho puer Mol huet d'Lëtzebuergerin mam Museker Tim Baldus zesumme geschafft, dësen huet elo gefrot gehat, ob d'Irem net wëll bei dëser Single matwierken. "Pastis" ass d'Resultat an ass de perfekte Summerbeat.

27/04/2026 Am Takt Irem

The Disliked gëtt et elo scho 24 Joer, als Schülerband hu se ugefangen a virun 2 Wochen hunn se hier Single "The Zoo" erausbruecht.

© Screenshot - rotondes.lu

Elo den 2. Mee ass an de Rotondes hier grouss EP-Release. Mat dobäi sinn nach Dillendub a Le Vibe. Sie sinn zu 6 an hunn elo och en neie Sänger mat dobäi, de Ben Nilles.

27/04/2026 Am Takt The Disliked

De Rapson, mat richtegem Numm Raphaël Clement, ass e Lëtzebuerger Rapper, deen de leschte Freiden seng nei Single SWEATER erausbruecht huet.

© Rapson

Hien huet 22 Joer, studéiert Geo zu Bonn a mëscht zanter 2022 eege Musek. Laang Jore war hien am Conservatoire an huet sech do fir déi klassesch Musek interesséiert, mee Rap an Hip-hop fënnt hien awer och schonn ëmmer top. Säin éischten Album huet hien 2025 erausbruecht.

27/04/2026 Am Takt Rapson

Lauschtert hei nach emol alleguerten d'Lidder aus der Emissioun:

Back to Top
CIM LOGO