
Säi Numm kënnt aus dem Latäin a bedeit esou vill wéi „Da vum Mier“. Dat passt gutt, well d'Planz kënnt ursprénglech aus de Küsteregioune ronderëm d'Mëttelmier. Do wiisst se och haut wëll op dréchene, sonnege Plazen. Schonn an der Antik, bei de Griichen an de Réimer, war de Rosmarin e Symbol fir Erënnerung, Frëndschaft a Léift. Bei Hochzäiten, reliéise Feierlechkeeten oder och Begriefnesser gouf en dacks benotzt. De Spëtzekach Pit Wanderscheid:
Hei hu mer wierklech La Grande Diva vun de Kraider, dat heescht de Rosmarin ass eppes, deen hätt gär en Pole Position, dee wëll gär vir bei de Leit sinn, dee fënnt een an éischter Linn och vum Goût hier, dat heescht um Poulet, alles wat gegrills ass. An a mediterraner Kichen komplett, dat elo d' Geméiskichen ass eng gutt Ratatouille, wann do de Rosmarin net mat dran ass, da mierkt een dat. A gären och Spillen tëscht gedréchent a frësch a virun allem, wat ganz, ganz leck ass, a mengen ech hei zu Lëtzebuerg ganz, ganz gutt ukënnt, dat sinn déi bekannte Gromperen am Schäffchen, mat Rosmarin, e bësse Salz a a gudden Olivenuelech, an dat ass eng Kombi vu ganz einfache Saachen, déi awer ganz vill Emotiounen ausléisst.
Rosmarin ass also vill méi wéi nëmmen eng Gewierzplanz. Hie verbënnt Traditioun, Geschicht an Aroma an ass aus der mediterraner Kichen net méi ewechzedenken.
Awer wat een och ganz flott ka maachen, ass dass ee sech esou e klengen Ueleg aromatiséiert, mat e bësse Knuewelek, e bësse Thymian a bësse Rosmarin, an da benotzt een amplaz e Pinsel, fir sech dat um Grill ze besträichen, esou en décke Bouquet Rosmarin, vläicht souguer mat der Schwëster Thymian zesummen an da mécht ee sech selwer esou en Naturpinsel an domadder reiwt een dann iwwer den Agneau, iwwer de Poulet, iwwer d'Brochetten, dat gëtt e super Aroma, well wéi gesot, dann déi ätheresch Ueleg mat ganz e bëssen Hëtz gekëddelt ginn um Fleesch, an dat geet schonn duer fir de ganzen Zauber z'entfalen.
Nieft der Kichen gëtt Rosmarin och fir ätheresch Ueleger, an der Kosmetik oder als Aroma benotzt. Säin intensive Geroch gëtt vu ville Mënschen als beliewend a frësch empfonnt.
Fir de Kreeslaf wierkt e ganz ureegend, da fir d'Duerchbluddung ass et gutt a fir de Bluttdrock, dann hu mer awer och natierlech an der Aromatherapie, ob bei eelere Leit, bei kranke Leit, déi hu ganz oft esou Aromaluuchten an engem Zëmmer stoen, an do ass de Rosmarin och e ganz wichtege Bestanddeel, erëm eng Kéier och wéinst den äthereschen Ueleger, déi ginn dann eebe konzentréiert an engem klengen Ueleg, dee gëtt an déi Luucht agefouert an da richt dat natierlech wonnerbar herrlech a berouegend virun allem.
Mat sengem onverwiesselbare Geroch bréngt de Rosmarin e klengt Stéck Mëttelmier op den Teller an heiansdo och e bëssen an d'Erënnerung.