
De Start ass bei der St Rochus Kapell. Do kann een den Auto stoen loossen, also eigentlech alles prett fir e klengen Ausfluch an d’Natur.
Wat de Siwe Brécke-Wee besonnesch mécht, steet eigentlech schonn am Numm. Siwe Brécken. Ma… et sinn der net nëmme siwen. Ënnerwee kommen een nach vill méi kleng Steeër a Holzbrécken entgéint. Si féieren duerch eng Landschaft, an där d’Waasser ëmmer nees eng kleng Roll spillt. Heiansdo kommen och nach e puer Trapen dobäi – genuch, fir datt d’Been sech erënneren, datt se eigentlech mat op de Spadséiergang komm sinn. A soss? Soss ass et virun allem roueg.

Den absoluten Highlight vun der Tour ass op alle Fall d'„Schankegriecht“. En Dall, dat säin Numm vun der Legend vum „Schankemännchen“ huet, deen an der Nuecht den Awunner aus den Dierfer an der Ëmgéigend Angscht a Schrecke soll agejot hunn.
De Siwe Brécke-Wee ass ee vun eelef Guttland.Trails – eelef Weeër duerch déi idyllesch Natur vum Guttland, déi net onbedéngt dozou invitéieren, méi séier ze ginn, mee éischter dozou, méi lues ze ginn. Duerch ze ootmen. E bëssen auszeschalten. An einfach emol no riets a lénks ze kucken, amplaz ëmmer nëmmen op d’Auer.
De Siwe Brécke-Wee beweist nämlech ganz elegant: Heiansdo brauch een net vill, fir ofzeschalten. E puer Brécken, e bësse Waasser, vill Bësch – an annerhallef Stonn Zäit fir näischt ze presséieren.