Wéi ass d'Walresultat ze bewäerten? Wou steiert d’EU no dëse Walen hin? Wou wëllen déi nei Europa-Parlamentarier déi nächst 5 Joer Akzenter setzen?

D'Kräfteverhältnisser am EU-Parlament sinn net méi déi selwecht, wéi virun de Walen, doriwwer ware sech déi nei gewielte Lëtzebuerger EU-Deputéiert um Méindeg de Moien an eiser Elefanteronn eens. Anescht wéi wärend dem Wahlkampf, hunn d'Vertrieder vun DP, CSV, déi gréng an LSAP um Méindeg net hir Ënnerscheeder, ma hir Gemeinsamkeeten an de Mëttelpunkt gestallt.

AUDIO: De Resumé vun der Table-ronde vum Fanny Kinsch

Déi gréng Deputéiert Tilly Metz huet sech iwwert d'Resultat vun hirer Partei gefreet, déi sech ëm bal 4 Prozentpunkte verbessert huet, an dat mat enger relativ neier Equipe. Awer och op europäeschem Niveau hunn déi gréng eppes ze feieren.
Et ass net méi eng Saach elo tëschent de Konservativen an de Sozial-Demokraten, mee do gehéieren elo definitiv déi Liberal an déi gréng dobäi, dat heescht et huet sech schonn eppes beweegt, a ganz kloer, mat 20 Sëtz, déi mer do bäigewonnen hunn, kann een elo nach vill méi bewege wéi virdrun.

Déi 6 Lëtzebuerger Deputéiert ware sech awer och eens, datt si als Lëtzebuerger am EU-Parlament missten zesummenhalen: Noeneen de Christophe Hansen, CSV, d'Monica Semedo, DP, an den Nicolas Schmit, LSAP:

Christophe Hansen: Mir mussen als déi puer Lëtzebuerger déi mer sinn, musse mer an enger Kommissioun fir Ëmwelt sinn, mir mussen an enger Kommissioun fir Landwirtschaft sinn, economique et monetaire, Bannemaart, ech mengen dat ass ganz wichteg.

Monica Semedo: Mee liberal heescht och, datt mer déi fundamental Wäerter fir déi d'EU steet, op déi se opgebaut ass, verteidege mussen. An dat ass mengen ech eng grouss Aufgab, déi mer elo alleguer och zu sechs wëllen natierlech duerchbréngen.

Nicolas Schmit: Mir sinn alleguer haut gréng. Well ech och der Meenung sinn, datt déi ekologesch Dimensioun ass.

Déi sechs nei Lëtzebuerger Deputéiert wieren alleguer iwwerzeegten Europäer, esou den Nicolas Schmit, och wann et géif Nuance ginn.

Nieft de gudde Score vun der DP an de gréngen war och den Abroch vun der CSV Thema, déi iwwer 16 Prozent an ee Sëtz par Rapport vun de leschte Wale verluer hunn. Et hätt ee sech méi Leschtestëmme gewënscht, sot d'Isabelle Wiseler Santos-Lima, ma et wier eng couragéiert Lescht gewiescht.

"4 Leit vun eis sinn nach virum Här Schmit, deen awer grouss Ambitiounen huet, dofir kënne mer eis trotzdeem als Equipe als Zukunftsequipe gesinn."

An Zukunft misst de Bierger och baussent de Walen d'Wichtegkeet vun Europa nobruecht ginn, esou déi nei CSV-EU-Deputéiert, déi sech vun iwwregens vun hirer Roll als Stater Schäffen zréckzéien, awer am Gemengerot bleiwe well.
An Zukunft misst och méi mat der Chamber zesummegeschafft ginn, dat sot den DP-Deputéierte Charel Goerens, an d'Chamber misst do och matmaachen.

"D'Lëtzbuerger Politik soll sech vill méi proaktiv an d'Geschäft aschalten am Plaz datt ëmmer gesot gëtt, d'Chamber alterinéiert 80 Prozent vun deem wat scho virgeknat ginn ass, dat ass net wouer, et kann ee sech ganz fréi an den Debat aschalten an dann nach eppes beweegen, net nëmmen d'Chamber, mee och d'Beruffschamberen."

AUDIO: Invité vun der Redaktioun: Elefanteronn Europawalen