E Méindeg de Moie waren d'Europawalen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"Ech hat 5 Joer mat Héichten an Déiften.” Dat seet d'EU-Co-Spëtzekandidatin vun der Partei Fokus. D'Monica Semedo war e Méindeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. Et géing eng schwéier Aufgab ginn, e richtegen Challenge, fir ouni DP am Réck an trotz de Mobbingreprochë bei dësen Europawalen e Sëtz ze wannen. Si hätt an de leschte 5 Joer vill geschafft, mee hir Aarbecht wier dacks an der Ëffentlechkeet ze kuerz komm. Virop wiere bei de Leit d'Harcèlementsreprochë géint hir Persoun hänke bliwwen. 2021 an 2023 war d'Monica Semedo jo an zwee verschiddene Fäll vu Mobbing vun der Presidentin vum EU-Parlament bestrooft ginn. Am zweete Fall huet si Recours géint dës Decisioun ageluecht. Den Dossier léich elo beim Europäesche Geriichtshaff. Dat hätt hirem Image geschuet an dat hätt sech dann och am leschte Politmonitor gewisen.

"Ech kann dat 100 Prozent novollzéien", sou d'EU-Deputéiert.

Hir Aarbecht am EU-Parlament

Déi lescht 5 Joer wieren net einfach gewiescht, fir keen, sou d'Monica Semedo. Si hätt net just Schwieregkeete mat hire Mataarbechter gehat, mee och gesondheetlech vill gelidden. Déi 39 Joer jonk EU-Deputéiert huet hir Vue zu 70 Prozent verluer a lieft elo mat enger visueller Behënnerung. Mee si hätt och vill positiv Erfarungen am EU-Parlament gemaach. Si hätt fir hir Fraktioun "Renew Europe" dierfen déi europäesch Mindestléin negociéieren, si hätt sech fir Mënsche mat Behënnerung agesat a si wier Rapportrice gewiescht, fir Qualitéitsstagë bei Jonken.

Firwat soll een d'Monica Semedo wielen?

Ech kommen net aus der Politik an net aus enger aflossräicher Famill. Ech si Kand vun enger Botzfra. An ech wëll och anere Leit de Wee fräimaachen, fir hir Karriär esou kënnen ze maachen, äntwert d'Europadeputéiert. Si géing sech asetze fir Leit mat engem Migratiounshannergrond, also fir besser Integratioun a besser Chancëgläichheet. Si hätt selwer scho fir de Mindestloun geschafft a weess, wéi et wier, fir d'Enner um Enn vum Mount net beieneen ze kréien. D'EU-Parlament bräicht onbedéngt Leit aus verschiddene soziale Schichten.

D'EU brauch Reformen

Fokus géing sech notamment dofir asetzen, dass d'Presidence vun der EU-Kommissioun direkt gewielt gëtt. Donieft misst een den Unanimitéitsprinzip am Conseil ofschafen, fir dass zum Beispill Hëllefe fir d'Ukrain oder sozial Dossieren net andauernd blockéiert ginn, just well 2 Memberstaaten net d'accord sinn. Fokus géing sech och fir eng besser gemeinsam europäesch Verdeedegung asetzen. Donieft misst och weider massiv an déi erneierbar Energien investéiert gi fir de Klimaschutz. An et bräicht eng Migratiounspolitik, déi et erlaabt, legal an d'EU anzereesen. D'EU hätt och einfach e Kommunikatiounsproblem, sou d'Monica Semedo. Do misst een dru schaffen, fir de Leit am Alldag ze weisen, wou d'EU eng Roll spillt a wou net.
Wa si net an d'EU-Parlament kënnt, wéilt si iwwregens weider bei der Partei Fokus politesch aktiv bleiwen.

Invité vun der Redaktioun: Monica Semedo

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.