En Donneschdeg waren d'Auslännerwalrecht an d'Diskussioune ronderëm d'Pensiounen an d'Aushandele vun de Kollektivverträg Themen um Radio.

Firwat net jiddereen eng Kéier iwwert d’Auslännerwalrecht froen, zum Beispill iwwert e consultative Referendum, un deem och Net-Wieler kéinten deelhuelen? Déi Fro huet den CSV-Députéierte Ricardo Marques en Donneschdeg de Moien hei op RTL opgeworf. Den 31-Joer ale Psycholog vun Iechternach sot, datt ee bal 10 Joer nom leschte Referendum op d’mannst e Bilan misst zéien.

Invité vun der Redaktioun: Ricardo Marques

2015 haten 80% vun de Wieler "Nee" gesot. Den Ricardo Marques huet en Donneschdeg ëffentlech deklaréiert, hien hätt deemools mat "Jo" gestëmmt. Den CSV-Deputéierten huet de Referendum vun 2015 awer esou kommentéiert: "50%" vun de Leit decidéieren iwwert de Sort vun den anere 50%. Ech denken, datt mir vläicht oder elo eis traue mussen, jiddereen eng Kéier ze froen, ewéi se dozou stinn." Eng Gesellschaft géing permanent evoluéieren an e Referendum wier e gutt Instrument "fir de Bols ze fillen".
 
De Ricardo Marques huet selwer portugisesch Originnen. "Obstakelen" op sengem Parcours hätt hien ëmmer als Erausfuerderung ugeholl an hie géing ëmmer driwwer stoen. Wat huet hien empfonnt, ewéi säi Parteikolleeg, den CSV-Deputéierte Marc Lies, dem deemolegen LSAP-Ausseminister Asselborn senger Politik d’Schold dofir ginn hat, datt 5 Hénger gekäppt gi waren? "Ech denken net, datt dat esou gemengt war", esou de Ricardo Marques.

Pensiounsdebatt iwwert Privatsekteur a Fonction Publique

Den neien CSV-Deputéierte wier frou, datt hie sech op d’Dossiere Santé, sozial Sécherheet, Famill a Logement konzentréiere wäert, esou seng Äntwert op d’Fro, ob hie sech méi zum sozialen oder liberale Fligel vun der CSV géing zouuerdnen.
 
De Buttek oder d’Diskussiounen - ewéi de Premier et jo léiwer nennt - tëscht de Gewerkschaften an dem CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo, wier fir de Ricardo Marques eng "ugespaante Situatioun" an hie wier frou, datt de Minister d’Gewerkschaften d’nächst Woch erëm gesäit an datt de Minister sech der wichteger Aufgab vum Sozialdialog bewosst gi wier. D’Problematik vun de Kollektivverträg kéint een nëmmen am Sozialdialog léisen. Hie wier awer och gespaant ze héieren, wat den OGBL an den LCGB da soen, well et e Fakt wier, datt méi ewéi d’Hallschent vun de Personaldelegéiert neutral sinn.
 
D’Pensiounsdebatt, huet de Ricardo als "couragéiert" Decisioun vu senger Parteikolleegin, der Sozialversécherungsministesch Martine Deprez bezeechent. Op d’Fro, ob ee just iwwert de Regime général – also de Privatsecteur – soll schwätzen oder och iwwert d’Fonction Publique, huet de Ricardo Marques geäntwert: "Et kann ee just iwwert d’Pensioune schwätzen, wann een déi ganzheetlech Approche hëlt." Besonnesch wichteg wier fir hien awer och, datt déi Jonk mat um Dësch sëtzen an hinnen erkläert gëtt, wat um Spill steet.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.