En Donneschdeg de Moien war d'Corona-Pandemie Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

E Méindeg krut d’Budgetskontrollkommissioun de Rapport vum Rechnungshaff iwwert de Large Scale Testing an der Corona-Pandemie presentéiert. Analyséiert goufen d’finanziell Ausgabe vum Staat, déi gesetzlech Basis, an d’Efficacitéit vun de Massentester. 160 Milliounen Euro hat de Staat insgesamt ugesat fir déi dräi Testphasen (27.04.2020-15.09.2020, 16.09.2020-24.03.2021, 25.03.2021-15.09.2021).

De Rechnungshaff kritiséiert ënnert anerem, dass d’Budgetsposten net ëmmer kloer opgeschlësselt waren, dass Laboratoires Réunis d’Opträg fir déi Massentester net an enger oppener Prozedur kruten, dass de Contact Tracing no den Tester net immense effikass war, an dass et an allen dräi Testphasen eng Iwwercapacitéit vun den Testzentre gouf.

Onnéideg héich Käschten?

Den DP-Deputéierten an Infektiolog Dr. Gérard Schockmel huet schonn an der Pandemie betount, beim Large Scale Testing wieren d’Suen zur Fënster erausgeheit ginn.

D’Weltgesondheetsorganisatioun hat am Ufank vun der Pandemie dozou opgeruff, vill ze testen. Als Invité vun der Redaktioun betount de Gérard Schockmel, hie wier och fir d’Teste gewiescht, awer net "blannemännerches":

"Hei waren esou wéineg positiv Kontakter, an et ass jo drëm gaangen, fir déi asymptomatesch erauszefannen. Wann ee lo kuckt, e positive Kontakt vun engem asymptomatesche Fall, si sinn net transparent an hirer Publikatioun. Mee ech hunn ausgerechent op deem, wat do drasteet, datt mer vläicht 65 positiv Kontakter vun asymptomateschen Infizéierter haten. 65. Wann een da weess, datt dat Ganzt jo 34 Millioune kascht huet, dann hu mer 500.000 Euro ausgi fir een eenzege positive Kontakt vun engem asymptomatesch Infizéierten”.
 
Amplaz hätt ee misste méi cibléiert testen, zum Beispill an Alters- a Fleegeheemer: “Dann hätte mer warscheinlech Liewen, vill méi Liewe kéinte retten”, stellt den Invité fest.

Optragsmonopol fir Laboratoires Réunis

Am Rapport vun der Cour des Comptes gëtt och d’Aart a Weis beschwat, wéi d’Opträg vum Large -Scale-Testing exklusiv un d’Laboratoires Réunis vergi goufen, an dass dat keng oppen Ausschreiwung war. 2021 hat dowéinst och Bionext géint de Staat geklot. Wann et em national Belanger geet, hätt de Staatslabo missten agebonne ginn, fënnt de Gérard Schockmel:

“De Staatslabo huet natierlech e Mandat an de Staatslabo huet och kee Gewënnzweck. Dann hu mer etabléiert Institutiounen aus Spideeler. D'Spidolslaboratoiren, déi sinn all akkreditéiert fir PCR -Analysen ze maachen. An dann hu mer dräi privat Laboratoiren, déi all akkreditéiert sinn och. Dat heescht et hätt een duerchaus kéinten déi bestoend Struktur vun de Spideeler, vun de private Laboratoiren, vum Staatslabo kéinten notzen, ouni datt ee lo d'Leit massiv mobiliséiert, datt se do op verschidde Plaze fueren, wou se da getest ginn.”
 
Kritik gëtt et vum Deputéierten och, dass et Méint gedauert hätt, bis dass de Rechnungshaff déi néideg Donnéeë krut, fir d’Analysen ze maachen. Alles an allem wier et elo, fënnef Joer nom Ufank vun der Pandemie, och e bësse spéit.

An der éischter Sëtzung vun der Budgetskontroll-Kommissioun hätt ee bis elo nach net iwwert d’Phasen 2 an 3 vum Large Scale Testing kënne schwätzen. Et wier awer scho festgestallt ginn, dass d’Budgetsposten zimmlech vag definéiert gi wieren. Den nächste Rendez-vous vun där Kommissioun ass den 10. Mäerz.

Den Dokter Thomas Dentzer, sengerzäit Virolog an der Direction de la santé, widdersprécht der Duerstellung vum haitegen DP-Politiker et wier am Large Scale Testing blannemännerches getest ginn. Hie war en Donneschdeg eisen Invité am Podcast "Wellebriecher" am Kontext vum fënnefte Joresdag vum Ufank vum der Pandemie zu Lëtzebuerg.  Am Large Scale Testing wier am Ufank wuel ganz breet getest ginn. Duerno wier een awer méi cibléiert virgaangen.

Duerch de Large Scale Testing hätt een och eng Iwwersiicht gehat, wou de Coronavirus zu deem Ament grad am Land zirkuléiert ass. Wann dann en Hotspot detektéiert gouf, wier do geziilt kuckt gaangen, sou den Dokter Dentzer. Den Thomas Dentzer huet an deem Interview zouginn, datt wuel net alles richteg gelaf ass. Zum Beispill datt d'Ofstrécher an der Strass an net an der Nues gemaach goufen. Vun 80 Prozent falsche Resultater ze schwätzen, wéi de Gérard Schockmel et gemaach huet, wier awer definitiv iwwerdriwwen.

Invité vun der Redaktioun: Gérard Schockmel

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.