ChatGPT: Donnéeë gi geklaut: dat ass e groussen ethesche Problem
En Donneschdeg de Moie war en Think-Thank iwwer digital Ethik Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Ethik ass net elitär oder eppes, wou een näischt dovu versteet, mä Ethik ass wéi mer liewen, wéi mer Choixen huelen, wéi mer eis behuelen a wéi mer transparent a fair mateneen ëmginn. Dofir wier d’Missioun vum House of Ethics fir Entreprisen a Privatleit doran ze beroden. Dat erkläert Grënnerin vum House of Ethics. D’Katja Rausch war de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. Si hätte keng Konventioun mam Staat, mä géinge sech selwer finanzéieren iwwer Konferenzen a Berodung fir Entreprisen.
Grad haut, mat allen den neien Techniken an der kënschtlecher Intelligenz, bräicht et eng Instanz, déi opkläert an déi néideg ethesch Froe stellt. An dem Sënn wier d’House of Ethics dat, wat de Journalismus fir d’Politik ass, erkläert d’Katja Rausch.
ChatGPT: vill Donnéeën géinge geklaut ginn
ChatGPT, déi Software, déi mat Kënschtlecher Intelligenz op all d’Froe kann äntweren, ass der Professesch een Dar am A. D'KI géing gefiddert gi mat all Zort Donnéeën, déi een am Internet fënnt. Och Contenu vun Kënschtler, Journalisten an Akademiker, deen eigentlech geschützt ass. Am ChatGPT géingen och vill Donnéeë beienee kommen, déi Entreprisë wéi Meta mat Facebook, Microsoft, Amazon an Apple sech géingen “klauen”. Dat wier schonn e groussen ethesche Problem.
Alles, wat d’Leit antippen, géing d’Software sech och verhalen an dat wier einfach net richteg, well d’Leit sech dees net bewosst sinn. Dat wier och de Fall fir Entreprisen. Wann d’Konkurrenz wéisst, wéi ee mat ChatGPT ëmgeet, da kéinten si erausfannen, wéi eng confidentiel Dokumenter do agespeist ginn. Wann eng Entreprise no neie Mataarbechter sicht an dofir KI asetzt, kéint een opgrond vu sengen Donnéeën op eemol einfach mol negativ ofgewäert ginn, ouni ze wësse firwat. Dat selwecht kéint mat Prête bei enger Bank geschéien. Et misst een deemno ganz gutt oppassen.
Wei kann een sech schützen?
An Europa géing et Reglementatioune gi fir d’Donnéeën ze schützen, notamment den EU IA Act an den GDPR (general data protection regulation). Do misst sech och all Land drun halen. Zanter Februar misst och all Entreprise hei zu Lëtzebuerg, déi mat kënschtlecher Intelligenz ze dinn huet, hir Ekippen dorop forméieren. Virop misst een awer ëmmer selwer kritesch bleiwen an alles hannerfroen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.