Visitt vum Poopst zu Lëtzebuerg. D'Nerven leien bestëmmt blank bei deen engen déi fir d'Organisatioun an d'Sécherheet responsabel sinn. Do gouf et haut och bestëmmt Fréibiren bei villen, wann een iwwerhapt en A zougemaach krut. An och wann de Poopst nëmmen 8 Stonnen am Land bleift, muss alles klappen. Beim Wieder ass dat schonn emol net de Fall.

26/09/2024 De Poopst zu Lëtzebuerg: Ambiance an der Stadt 2 Stonne virun der Arrivée

Et kann een et bal net gleewen dass herno dausende vu Leit an de Stroossen sinn an dem Poopst zouwénken. Aus dem Tram klammen d'Leit wéi all Moien fir op d'Schaff a maachen sech méi oder manner Gedanken iwwer dat wat virun hirer Nues ofleeft. Kommen d'Leit alt bei deem Wieder

Poopst - kommen d'Leit kucken bei deem Wieder (07h40)

d'Plazen um éischten an zweete Stack bei de Gebäier wou de Poopst laanscht kënnt ginn zu engem Balcon, wou een hofft eppes ze gesinn. Och déi zwee Public-Viewingen op der Kinnekswiss an op der Paräisser Plaz wäerten engem erlaben fir duerno matschwätzen ze kënnen.
Wien géif sech net wënschen och nach mam Poopst Jean-Paul II an d'Gespréich ze kommen. De Notaire, de Maître Marc Loesch hat déi Chance bei der Visitt vum Jean-Paul II am Mee 1985.

Visitt Jean-Paul II Mee 1985 - Souvenir Notaire Maître Marc Loesch