Op engem Parking vun engem Supermarché zu Miersch goufen zwee Sans-abrise vun de Policebeamten entdeckt. Béid ware blesséiert.

De Journaliste vum RTL Infos gouf e Freideg de Moie vun engem Zeie matgedeelt, datt et zu Miersch op engem Parking vun engem Supermarché zu engem Doudesfall komm wier. Bei der Police nogefrot huet et geheescht, datt et hei zu enger Ausernanersetzung tëscht véier Persoune komm ass. Si all wiere Sans-abrise gewiescht, déi ënner Alkoholafloss stoungen.

Zwee vun hinne goufe bei dësem Tëschefall blesséiert, een dovu schwéier. Dat huet d'Police festgestallt, wéi si um Parking vum Lidl zu Miersch ukomm waren. Dee schwéier Blesséierte koum mat der Ambulanz an d'Spidol. D'Police confirméiert, datt awer keng Liewensgefor besteet.

RTL

© Domingos Oliveira

Zeien hunn RTL géintiwwer ausgesot, datt d'Attack besonnesch gewalttäteg gewiescht wier. Et wier esouguer mat engem Feierläscher op de schwéier blesséierte Mann ageschloe ginn. Dat huet d'Police awer net confirméiert.