Ryanair sträicht Flich a Richtung Spuenien: Honnertdausende Passagéier betraff

© AFP
De Sträit tëscht dem staatleche spuenesche Fluchhafebedreiwer Aena an der irescher Fluchgesellschaft Ryanair geet an déi nächst Ronn.
Déi iresch Bëllegfluchgesellschaft Ryanair huet e Mëttwoch annoncéiert, datt een iwwert de Wanter däitlech manner spuenesch Fluchhäfe wäert usteieren. Ronn eng Millioun Sëtzplaze wäerten domadder ewechfalen. Grond dofir sinn déi "iwwerdeiert Taxen op de Fluchhäfen", déi de spuenesche Bedreiwer vun de Fluchhäfen freet. Den ugeschwate Fluchhafebedreiwer schwätz vun "Erpressung" vu Ryanair.
Wéi d'Virgule an engem Artikel schreift, sinn och 26 Flich aus dem Grand-Duché a Richtung Spuenien betraff, dorënner Flich op Barcelona, déi vun 135 op 124 falen, an op Madrid, 140 amplaz vun 155 Flich.
Sträit tëscht Spuenien a Ryanair geet op eng Geldstrof zeréck
Dëse Schratt ass déi rezentst Eskalatioun an engem Konflikt tëscht Ryanair an de spueneschen Autoritéiten, deen zanter dem leschte Joer leeft. Déi spuenesch Regierung hat deemools déi iresch Fluchgesellschaft zu enger Strof vun iwwer 107 Milliounen Euro verurteelt, well ee Ryanair "abusiv Praktiken" wéi dem Erhiewe vun Taxen op Handgepäck beweise konnt.
An engem Schreiwes huet Ryanair matgedeelt, datt d'Reduktioun vun de Flich, ënner anerem op déi beléift Atlantik-Vakanzendestinatioun Teneriffa, wéinst "iwwerdeierten an net kompetitiven Taxen op de Fluchhäfen" vum staatleche Fluchhafebedreiwer Aena geschitt. Aena huet vun 2026 un eng Hausse vu 6,6 Prozent annoncéiert.
10 Prozent manner Sëtzplaze fir op Teneriffa
A Richtung Teneriffa wäerten 10 Prozent vun de Sëtzplazen, also ronn 400.000, ewechfalen. Fir déi aner spuenesch Regioune rechent ee mat 600.000 Sëtzplazen, déi vu Ryanair iwwert dëse Wanter net méi transportéiert ginn, esou d'Detailer, déi Euronews matdeelt.
"Dës Reduktioune wäerten déi scho schwaach spuenesch Regionalfluchhäfen nach méi schueden an onvermeidlech zu engem Verloscht u Investitiounen, Connectivitéit, Tourismus a Beschäftegung féieren," huet Ryanair gewarnt, a bäigefüügt, datt "vill Strecke wirtschaftlech net méi rentabel wäerte sinn".
De CEO vun Aena Maurici Lucena huet schaarf reagéiert a gesot, datt spuenesch Flughäfen "net méi gutt funktionéiere géifen", wa se sech "no den Ufuerderungen, dem Gejéimers, dem Bedruch an der intolerabeler Strategie vun Erpressung vu Ryanair" géifen entwéckelen.
Am Januar hat Ryanair schonn ugekënnegt, 800.000 Sëtzplazen op siwe spuenesche Regionalstrecken ze sträichen als Äntwert op d’Taxpolitik vun Aena. D’Fluchgesellschaft huet och verschidde franséisch Flughäfen aus hirer Offer geholl, well dës méi Steieren op Fluchreese froen.
Autoritéite schwätze vun "Drock an Erpressung"
An de leschte zwee Joer huet d’Firma probéiert, "déi verschiddenst Autoritéite aus Länner wéi Däitschland, Frankräich, Belsch, Portugal, Italien, Griicheland, Éisträich, Holland, Dänemark an dem Vereenegte Kinnekräich ënner Drock ze setzen", huet de Lucena bäigefüügt.
Als Reaktioun op d'Geldstrof a Spuenien huet de Ryanair-CEO Michael O’Leary de spuenesche Konsumenteschutzminister Pablo Bustinduy als "verréckte Kommunist" bezeechent. D’Firma huet duerno eng Campagne lancéiert, an där de Minister als Clown duergestallt gouf.
De Bustinduy huet doropshin erkläert: "Keen Drock, keng Erpressung an keng Beleidegung wäerte mech stoppen" bei sengem Asaz, fir déi spuenesch Konsumenten géint grouss Multinationalen ze schützen.