
Bei der Hëllef fir Leit, déi finanziell net sou gutt do stinn, spillen d'Offices sociaux eng wichteg Roll. All Gemeng mat op mannst 6.000 Awunner huet een Office social. Well vill Gemengen dee Seuil net areechen oder well se sech méi breet opstelle wëllen, hu se sech zesummegeschloss fir een Office social ze bedreiwen. Aktuell ginn et der 30 am Grand-Duché. D'lescht Woch gouf déi zweet Editioun vum Dag vun der Sozialaarbecht an de Gemengen organiséiert. D'Haaptthema war de Logement, an dobäi hunn d'Leit aus dem Secteur der Politik nawell eng Partie Hausaufgabe mat op de Wee ginn, Marc Hoscheid.
30/09/2024 BAND Soziales an de Gemengen 07h15 (online)
Am meeschte gelies