Wien huet an der fréierer Réimervilla zu Schiere gelieft?
Dat ass eng Fro, déi d'Archeologen den Ament nach net - oder op d'mannst net genee- kënne beäntwerten.
Eng Bréifkëscht mam Numm drop hunn se natierlech  net fonnt, dofir awer dausende méi oder manner grouss Objeten, déi den Ament stockéiert an analyséiert ginn.
De Weekend haten de Kulturministère an d'Gemeng Schieren de Site, am Kader vun den europäeschen Deeg vum Patrimoine fir de Public op gemeet a vill Leit hunn dovunner profitéiert fir sech vun den Archeologen erklären ze loossen, wat bis elo fonnt gouf, Dany Rasqué.

30/09/2024 Reportage Réimervilla online DR