
© afp
An hierem éischten an eenzegen Debat vum amerikanesche Wahlkampf stounge sech hënt déi zwee Kandidate fir d'Vizepräsidentschaft géintiwwer: de Republikaner JD Vance an den
De Kontrast tëscht de Präsidentschaftskandidaten hieren Debaten am Juni an August matt de
Vizepräsidentschaftskandidaten hierem Debat hënnt hätt kaum kënne méi grouss sinn.
Den Demokrat Tim Walz an de Republikaner JD Vance waren héiflech matteneen, si hu sech net
perséinlech attackéiert, an och keng Frechheeten een iwwert den anere gesot. Au contraire; si hu sech
géigensäiteg Respekt gewisen.
Vläicht läit dat dodrunn, dass se allen zwee aus dem Midwest kommen, dem mëttlere Weste vun den
USA, däer Géigend tëscht de grousse Séien an de Südstaaten, tëscht der Ostküst an dem Westen, däer
Géigend déi oft 'flyover country' genannt gëtt, well d'Snobben déi tëscht dem Atlantik an dem Pazifik
hin an hier fléien se nëmme vun uewe gesinn.
An d'Leit aus däer Géigend hunn d'Reputatioun 'Midwest nice' ze sinn, gentil a frëndlech.
Mee och wann de 40 Joer alen JD Vance aus dem Ohio an de 60 Joer alen Tim Walz aus dem
Minnesota während dem Debat 'Midwest nice' matenee waren, sou heescht dat awer net, dass si och
politesch op enger Ligne sinn.
Ob et em d'Economie, d'Immigratioun, d'Situatioun am Mëttleren Osten, Ofdreiwung,
Gesondheetspolitik, Klimawandel, d'Waffegewalt oder d'Wunnengsnout gaangen ass, si hunn allen
zwee stramm d'Politik vun hiere Cheffe vertrueden a verteidegt: Fir den JD Vance den Donald Trump, a
fir den Tim Walz d'Kamala Harris.
Si hunn dat glaubwürdeg a sachlech gemaach, a sinn iwwerzeegt an iwwerzeegend opgetrueden. Dobäi
ass dat net ëmmer een einfache Spagat.
Sou ass den Tim Walz net nëmme politesch méi konservativ wéi d'Kamala Harris, hien huet mussen de
Bilan vun der Biden-Harris Administratioun vun de leschte bal 4 Joer verteidegen, e Bilan matt dem
hien esougutt ewéi näischt ze dinn huet.
Den JD Vance huet séngersäits mussen en Donald Trump als Präsident verteidegen vun dem hien nach
viru 4 Joer gesot huet hie wier inkompetent, eng Gefor fir d'Menschheet an d'Demokratie, a séng Idéë
wiere gehierlos.
Si hunn allebéid hier Aufgab esou gutt gemaach, dass souwuel den Donald Trump wéi och d'Kamala
Harris elo besser dostinn wéi no hierem eegenen Debat.
Fir RTL, de Georges Zens aus den USA