De virleschte Weekend koum et an der BGL-League am Futtball nom Match tëscht dem FC Wolz 71 an dem Progrès Nidderkuer zu enger Kläpperei tëscht Spiller vun deenen zwee Veräiner. Den FLF-President Paul Phillip hat sech dono an engem Schreiwes un d'Presidente vun de Veräiner aus der BGL-League geriicht a virdru gewarnt, datt Aggressivitéit um an nieft dem Futtballterrain de Sport an ee schlecht Liicht réckele géing. Ma den Incident huet och zu Reaktiounen aus der Lokalpolitik gefouert. Vun do ass et d'Fuerderung, dem FC Wolz 71 déi finanziell Ënnerstëtzung duerch d'Gemeng ze kierzen. An dat kënnt nawell net iwwerall gutt un, Marc Hoscheid.

01/10/2024 BAND Incident FC Wolz Nidderkuer Suittes 07h40 (online)