D’Federatioun vum Sozialsekteur huet sech an der Caritas-Affär « vun Ufank u » gefrot... firwat een eng nei Entitéit bräicht. Dat sot de Generalsekretär vun der Fedas, den Thomas Lentz de Moien hei op RTL. Am Sozialsekteur géing et ganz vill Associatioune ginn, déi ähnlech Aktivitéite scho maachen. D’Mataarbechter, déi elo bei HUT – Hëllef um Terrain hu misse wiesselen, hätte bei deenen op d’mannst gewosst wat «d’Valeuren» oder «d’Approche» sinn, Fränz Aulner

01/10/2024 BAND Résumé Invité Lentz 12h40 (Online)