2 Stonne laang souzen de Moien am Ganze 7 Chamberkommissioune beieneen, fir Informatiounen iwwer d’Caritas ze kréien. 
De Premier Luc Frieden an den Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel an d’Ministeren Claude Meisch (Educatioun) a Max Hahn (Famill) hunn d’Deputéiert op de leschte Stand gesat. 
Et gouf déi lescht Wochen an Deeg jo vill Kritik an haut gouf et deels och nei Informatiounen.
D’Carine Lemmer huet fir eis an der Chamber gewaart...gudde Mëtteg, Carine, wat sinn d’Deputéiert, wat ass d’Press Neits am Dossier Caritas gewuer ginn?

02/10/2024 Caritas-Affär Live Carine Lemmer