Nodeems dës Woch déi nei Associatioun "HUT - Hëllef um Terrain" de Gros vun den Aktivitéite vun der Caritas iwwerholl huet, stelle sech nach eng Partie Froen, ënnert anerem beim Aarbechtsrecht. D'Gewerkschaft OGBL ass der Meenung, dass et sech ëm en Transfert d'entreprise handelt, den HUT-President Christian Billon seet, dat wier net sou. D'Fanny Kinsch huet sech déi Fro e bësse méi genee ugekuckt.

04/10/2024 Aarbechtsrechtlech Froen Caritas/HUT Reportage: Fanny Kinsch