Datt Fëmmen net gutt fir d‘Gesondheet ass, dat ass gewosst. Datt een um Enn awer och senger Gesondheet schued, wann ee säin Zigarettestomp op de Buedem geheit, ass vläicht méi nei. D‘Ëmwelt- a Waasserverwaltungen hunn elo zesumme mat der Valorlux eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert, fir op déi negativ Konsequenzen opmierksam ze maachen, wann Zigarette-Stëmp net am Äschebecher mä um Buedem leien. D‘Maxime Gillen mat den Detailer. 

04/10/2024 Zigaretten an der Ëmwelt / Reportage: Maxime Gillen